
kids’ playground
pistacol & déi zweet prinzessin
19.07 & 20.07
PISTACOL
Eng DIY-Dramwelt wou Päsch an al Kleeder net ewech ze denke sinn. Kommt laanscht a loosst ärer Fantasie fräie Laf. Maacht iech prett op ee faarwege Chaos an entdeckt är kreativ Säit, dat zesumme mat den Artist·inne vu Pistacol, déi iech gären eng Hand upaken an Deel vun ärer Kreativitéit ginn. Stellt iech vir, dir huelt un enger risege Kostümsparty deel. Cool, nee?
Dësen Atelier gëtt souwuel e Samschdeg, den 19. Juli wéi och e Sonndeg, den 20. Juli proposéiert.
Foto: Cécile Dechosal
déi zweet prinzessin
Et waren emol zwou Prinzessinnen, déi Éischt an déi Zweet Prinzessin. Déi éischt Prinzessin war super gären déi Éischt Prinzessin, awer déi Zweet hat et guer net gären dat Zweet ze sinn. Haut wäert déi Zweet Prinzessin all hire Mutt brauchen. Well et ass net ganz einfach erauszefannen, engem feelt. Dat dann och nach auszeschwätzen, ass ouni Zweiwel méi schwéier
Rendez-vous e Samschdeg, den 19. Juli um 16.30 Auer.
Foto: MASKéNADA